French (Fr)Deutsch (DE-CH-AT)

SEL-Communauté

Nous avons 3 invités en ligne

Restez informé!

FAIRE UN DON

Vous trouvez que le Tauschkrees est un projet positif et vous voulez le soutenir ? Vous pouvez faire un don. L'argent récolté servira à couvrir les frais ordinaires du projet. MERCI D'AVANCE

Vous n'avez pas PAYPAL, vous pouvez aussi faire un don par iBank Luxembourg

radio 100,7 - Januar 2009 - Thema vum Mount: Geld PDF Imprimer Envoyer
Écrit par frenz   
Mardi, 30 Décembre 2008 13:34

radio 100,7 - www.100komma7.lu

 

Thema vum Mount: Geld 

 

D’Thema vum Mount Januar um radio 100,7 ass d’Geld, dat vun den ënnerschiddlechsten Aspekter a villen Emissioune beliicht gëtt. 

Hei am Iwwerbléck de Resumé vun den Emissiounen: 

 

De Sonndeg, 4. Januar um 09.30 an 19.00 zitt de “Geschichtsarchiv” aus der Geschicht vu Geld a Banken zu Lëtzebuerg d’Essenz vun eisem Staat eraus a beliicht Kulissen, hannert déi ee seele gesäit.       

 

De Méindeg, 5. Januar um 09.05 an 19.30 erklärt de René Link déi verschidden Etappe vu Mënzen a Schäiner. 

Um 11.05 an 19.00 gëtt de Service-Magazin “Senioren-Académie” gutt Rotschléi, fir seng Pensioun vum finanzielle Standpunkt richteg ze plangen.       

 

Dënschdes, de 6. Januar um 11.05 an 19.00 geet et am Magazin «Politik a Gesellschaft” ëm d’Erausfuerderunge vun der lëtzebuerger Finanzplaz, déi jo zënter September staark gerëselt gouf.  

 

De Méindeg, 12. Januar um 09.05 an 19.30 mécht de Willy Muller den Tour vum Geld duerch vill Zäiten, bis zur Situatioun an de Problemer vun haut a gëtt Referenzen zur Aktualitéit an zur Finanzkris. 

Um 11.05 an 19.00 probéiert d’Emissioun “Liewensformen” erauszefannen, ob a wéi ee sech géint Iwwerverscholdung schütze kann. 

 

Méindeg, den 19. Januar um 09.05 an 19.30 heescht et “Vum Troc zur elektronescher Ënnerschrëft” an de Fernand Weides wérft e Bléck an d’Zukunft vum Geld als Bezuelmëttel.                      

 

Freides, den 23. Januar um 09.05 an 19.30 behandelen de Jay Schiltz a Claude Mangen d’Thema vum Mount vun enger manner eechter Säit ënnert dem Motto: Geld sténkt net!

Si hunn Texter a Lidder zesummegesicht, déi kengem op de Su ginn an déi een och net muss fir boer Mënz huelen. 

Um 11.05 beschäftegt sech de Magazin “Wirtschaft a Soziales” mat de Virwërf géint eis Finanz- a Bankeplaz. 

 

Als Ofschloss gëtt den Nolauschterer méindes, de 26. Januar um 09.05 an 19.30 am Gespréich mat Experten alles gewuer, wat een iwwer Sue wësse muss.

Mise à jour le Mardi, 30 Décembre 2008 14:37