| Kennt Dir den Tauschkrees Lëtzebuerg? |
|
|
| Written by Tauschkrees | |
| Friday, 09 March 2007 | |
|
Eng Asbl, wou Déngschtleeschtungen, Wëssen a Saachen tëschent de Membere getosch ginn. An dat ganz ouni Suen ze benotzen. Wéi geet dat?E puer Mol am Joer kënnt eng "Zeitung" mat de Memberen hiren Offren an Demanden eraus. Wann eppes een interesséiert, da mellt een sech bei deemjéinegen, deen dat ubitt oder sicht. Et gëtt net direkt eng Saach géint eng aner getosch, ma de Wäert gëtt op engem Tauschbong festgehal, deen een duerno un den Tauschkrees schéckt, wou de Memberen hir Konte gefouert ginn. Fir de Wäert vun enger Déngschtleeschtung oder enger Saach duerzestellen, gëtt eng fiktiv Tauscheenheet benotzt: de "Kär". Als Unhaltspunkt gëllt: 60 Kären = 1 Stonn Zäit. Tauschkrees Lëtzebuerg asbl 8, rue Bommert, L-3392 Roedgen
Informatiounen: Tel. 31 11 83 oder 37 19 27
|
|
| Last Updated ( Friday, 09 March 2007 ) |
| < Prev | Next > |
|---|

